Dream Catcher mat hirem Frontmann John Rech sinn zënter Joren eng bekannt Gréisst an der Lëtzebuerger Musekszeen. Dem John Rech seng musikalesch Carrière huet Ufanks den 1990er Jore mat der Jugend- a Schoulband T42 gestart, déi sech séier zu enger bekannter Pop-Rock-Band zu Lëtzebuerg entwéckelt huet.
Dream Catcher verbënnt zënter méi wéi 25 Joer keltesche Folk, franséisch Chanson a Pop. Fir de 25. Anniversaire huet d’Band sech mat der Big Band vun der Harmonie Municipale de Dudelange zesummegedoen an d’Lidder vun T42 an Dream Catcher nei arrangéiert. Aus dëser Zesummenaarbecht ass de Projet Dream Catcher & The Big Gang Theory entstanen.
Zu Mamer kritt dëse Projet nach eng ganz besonnesch Dimensioun: Ronn 80 Kanner aus der lokaler UGDA-Musekschoul deelen d’Bün mam John Rech an de Museker vun Dream Catcher & The Big Gang Theory
Depuis plus de 25 ans, Dream Catcher mêle folk celtique, chanson française et pop. À l’occasion de son 25e anniversaire, le groupe s’est associé au Big Band de l’Harmonie Municipale de Dudelange afin de proposer de nouveaux arrangements des chansons de T42 et de Dream Catcher. De cette collaboration est né le projet Dream Catcher & The Big Gang Theory.
À Mamer, ce projet prendra une dimension toute particulière : environ 80 enfants de l’École de musique UGDA locale et des écoles fondamentales de la commune partageront la scène avec John Rech et les musiciens de Dream Catcher & The Big Gang Theory.