© Bohumil Kostohryz
Jeune Public
10.06.2027
- 12.06.2027
08:45 & 10:45 & 10:00 & 14:30 & 16:00

ERWUESSENER: 15,00 €
KANNER: 8,00 €

AB 6 JOER

OP LËTZEBUERGESCH

50 '

Kichegerabbels
Kopla Bunz & Kammerata Luxembourg

Eng musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel fir Kanner tëschent 6 an 10 Joer.

Nu kuck, an op eemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!

Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitase schwieft e klengt Zockerdëppchen duerch eng fantastesch Welt: Nëssknacker, déi danzen, Jellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten … et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen tockskäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen …

Kichegerabbels verbënnt d’Wierk La Revue de cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung a weist op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn. Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.


Fir dëse Spektakel fir jiddereen zougänglech ze maachen, kënnen d’Schoulvirstellungen op Ufro als „relaxed performance“ ugebuede ginn. Dëst Format schaaft e labberen an entspaante Kader, deen sech besonnesch fir Mënsche mat Handicap, neurodivergent Persounen a Leit, déi Konzentratiounsschwieregkeeten, Angscht oder chronesch Péng hunn, eegent. Fir weider Informatiounen a Froen dozou, kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.

samedi 12.06.2027 16:00
samedi 12.06.2027 | 16:00
jeudi 10.06.2027 08:45
jeudi 10.06.2027 | 08:45
jeudi 10.06.2027 10:45
jeudi 10.06.2027 | 10:45
vendredi 11.06.2027 10:00
vendredi 11.06.2027 | 10:00
vendredi 11.06.2027 14:30
vendredi 11.06.2027 | 14:30

Regie Ela Baumann Erzielung an Objetsmanipulatioun Betsy Dentzer Luuchtekreatioun Krischan Kriesten Makeup Valentina Becker Accessoiren Marko Mladenovic Assistenz Piera Jovic Theaterpedagogik Laetitia Lang Bléck vu baussen Audrey Dero Musek Bohuslav Martinů, La Revue de cuisine, H. 161 Interpretéiert vun Kammerata Luxembourg (Sandrine Cantoreggi, Gei, Tom Feltgen, Cello, Stefan Kronthaler, Klarinett, Pierrick Demoisy, Fagott, Jeff Mack, Trompett, Béatrice Rauchs, Piano) Produktioun Kammerata Luxembourg Koproduktioun Kopla Bunz, Escher Theater, Trifolion, Cube 521 Ënnerstëtzung Ministère de la Culture, Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Fondation Loutsch-Weydert, Fondation Indépendance, Fondation Été

Präsentéiert an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer.