Lecture scénique
mardi 04.05.2021 19:30

Op Lëtzebuergesch

Fräien Entrée mat prealabeler Reservatioun

T. (+352) 26 39 5 — 160

info@kinneksbond.lu

90 '

Entrée libre
D'CNL Liesrees op Mamer
Guy Helminger & Tullio Forgiarini

Die sogenannte Wirklichkeit L’invention du réel
En Owend mam Guy Helminger an Tullio Forgiarini, moderéiert vum Nathalie Jacoby

Vum 4. Mee bis de 4. Juli geet de CNL a Kooperatioun mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren op eng „Liesrees“. Den éischte Stopp ass zu Mamer!

Dem Guy Helminger an dem Tullio Forgiarini hir nei Romaner, Die Lombardi-Affäre an Céruse, verwëschen op eng jeeweils eegen Aart a Weis déi angeblech kloer Demarkatioun vu Fiktioun a Realitéit. Och de Lieser gëtt Deel vun dësem literaresche Spill. Wiem kann ee gleewen? Wat ass erfonnt? A wat ass eigentlech mam Auteur? Séier (ze séier?) schwätzt ee vun Autofiktioun...

E Gespréich iwwert d’Literatur an hire Betrib, iwwert d’Wierklechkeet an hiert Erfannen, iwwert den Auteur a säin (Alter) Ego.

Weider Informatiounen iwwert „d'Liesrees“ fannt dir um Internetsite vum Centre national de littérature : www.cnl.public.lu

mardi 04.05.2021 19:30
mardi 04.05.2021 | 19:30