Oh du do uewen
© Antoine Morin

SAMEDI
24.02.2018
20:00

OH DU DO UEWEN, DEEM SENG HAND

THIERRY MOUSSET


Véier Lëtzebuerger Schrëftsteller — den Ian De Toffoli, den Olivier Garofalo, de Nico Helminger an de Jeff Schinker — transposéieren véier algriichesch Mythen an d’Lëtzebuerger Sprooch an erlaben eis dës Erzielungen nei ze erliewen.

Fir déi al Griiche war d’Erziele vun Heldegeschichten eng Aart a Weis fräi an dichteresch ob der Welt ze liewen. Dës Geschichte léieren de Mënsch, seng Stäerkten a Schwächten wouer ze huelen, a virun allem seng Limitten, déi hie vun de Gëtter ënnerscheeden. Duerch d’Erliewe vum Mythe gëtt de Mënsch eréischt Mënsch. D’Biller aus der griichescher Mythologie ginn zu Recht als Grondlag vun der europäescher Kulturgeschicht ugesinn. Besonnesch spannend schéngt déi bleiwend Aktualitéit vun deenen ale Mythen, déi duerch e Prozess vu joerhonnertelaanger Transformatioun, eis haut gläichzäiteg friem a vertraut schéngen. D’Mythe bleiwen esou déi ëmmer weider wuessend Grondsubstanz vun eisem kollektive Gediechtnes. Well all Zäit hir eege Manéier huet, déi mënschlech Limitten ze vergiessen, brauch och all Zäit hir Erzielungen, fir eisem Gediechtnes op d’Spréng ze hëllefen.

Oh du do uewen, deem seng Hand ass eng Zesummesetzung vu véier ganz ënnerschiddlechen Eenakter : Medea, Aricia (Phedra) Ödipus, Kinnek? a Theseus. Fir der Sprooch, der Stëmmung an der literarescher Form vun all Text gerecht ze ginn, sinn déi véier Stécker ob ganz verschidden Aart a Weisen inzenéiert. D’Schauspiller wiessele vun enger Roll an déi aner a bidden eis duerch hiren dynameschen Ëmgang mat den Texter vill Iwwerraschungen.
 

Tarif plein : 20 €
Tarif rĂ©duit : 8 €
Kulturpass : 1.5 €

Logo_Kinneskaart


Dauer: 75'

Op Lëtzebuergesch

Texter
Ian De Toffoli, Olivier Garofalo, Nico Helminger, Jeff Schinker
Regie
Thierry Mousset
Et spillen
Eugénie Anselin, Nora Koenig, Raoul Schlechter, Pitt Simon
Dramaturgie
Claire Wagener
Bühnebild & Kostümer
Peggy Wurth
Luuchtekreatioun
Pavla Beranova
Video Design
Luboš Zbranek
Technesch Leedung
Pascal Klein

Produktioun
Kasemattentheater
Koproduktioun
Théâtre d’Esch, Kinneksbond, Centre Culturel Mamer, Centre national de littérature