Roland Meyer © Claude Sibenaler
© Claude Sibenaler
Story_Time

DIENSTAG
08.01.2019
19:00

ROLAND MEYER

KANNERBICHER FIR ERWUESSE LEIT


STORY TIME

De Roland Meyer huet elo seng Trilogie vu „Kannerbicher fir erwuesse Leit“ ofgeschloss. Dozou gehéiert den 2004 fir d’éischt opgeluechte Klassiker vun der Lëtzebuerger Kanner- a Jugendliteratur Den décken dommen Dudu, d’Geschicht vun engem vill ze décke Jong, deen et an der Schoul net einfach huet. Mango Panda ass 2007 erschéngen an thematiséiert „d’Irrungen an d’Wirrungen“ vun engem 12-järege Meedchen, dat sech déi éischte Kéier verléift. 2017 dunn ass mat Tel Mo dat drëtt Buch aus der Serie erauskomm. Hei geet et em ee portugisesche Jong, dee weder Halt a senger Famill nach an der Schoul fënnt a seng Zerrassenheet versicht duerch Gewalt ze kompenséieren.

Dës Bicher beschäftegen sech allen dräi mat ganz eeschten an zum Deel esouguer existenzielle Problemer vu Kanner a Jugendlechen, dat awer all Kéier op eng ganz humouervoll Aart a Weis. Allen dräi sinn „coming of age“ Geschichten, déi weder an de Kitsch nach a verlugen Dramwelten ofdriften, mee d’Problemer beim Numm nennen — ebe Kannerbicher fir erwuesse Leit.

Fir Kanner ab zéng Joer, am flottsten zesumme mat hiren Elteren, awer och fir all Erwuessenen, deen déi hoffnungsvoll Freed an déi onerhéiert Gréisst vum Kand-Sinn nach net vergiess huet, liest de Roland Meyer kuerz, lëschteg an ironesch Geschichten aus dësen dräi Bicher an zesumme gëtt iwwer dat, wat Kandheet am Moment hei zu Lëtzebuerg ausmécht, diskutéiert. 
 

Eintritt Frei


Op Lëtz.