Wat den Noper
© Serge Hoffmann
Logo_Mardi_du_livre

DIENSTAG
13.03.2018
19:30

WAT DEN NOPER SEET...

AN... ANER GESCHICHTEN


MARDI DU LIVRE

E literareschen Owend mat Texter a Gedichter vu Lëtzebuerger Schrëftsteller.


Hues de schonns héieren ? Mat de Nopere ginn et déi schéinste Geschichten an de schlëmmste Sträit ; si kréie mat, wat am Stot niewendrun leeft a sollen dach näischt wëssen. De Gaart gëtt, och, wéinst de Noperen an der Rei gehalen, an et gëtt eriwwer geluusst fir all déi Saache mat ze kréien, déi een näischt uginn. De Noper, dat ass deen, deen e gesäit, vun deem e net wëll gesi ginn, mat deem e potert, fir eppes gewuer ze ginn, ouni selwer ze vill ze erzielen, et sief iwwert deen aneren Noper. Geschichten iwwert d‘Noperen erzielen ons och eppes iwwert dee klenge Mikrokosmos vu Frëndschaft, Freed, Näid a Kontroll — e Lëtzebuerger Owend.

Et ginn Texter gelies vun: Josy Braun, Josy Christen, Pol Greisch, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit, Jos Jacquemoth, René Kartheiser, Guillaume Kintzelé, Auguste Liesch, Pol Pütz, Marcel Reuland a Guy Rewenig. 
 

Tarif plein : 20 €
Tarif réduit : 8 €

Logo_Kinneskaart 


Dauer: 75'

Op Lëtzebuergesch 

Regie
Daliah Kentges
Musek
Eric Falchero
Et spillen
Christiane Rausch, Steve Karier
Auswiel vun den Texter
Germaine Goetzinger, Pierre Puth, Claude Kremer, Claude D. Conter
Produktioun
Mierscher Kulturhaus, Centre national de littérature