© Henri Losch
Logo_Mardi_du_livre

DIENSTAG
09.05.2017
19:30

HENRI LOSCH

KOPPEGES A BOSSEGES


« MARDI DU LIVRE »

Mir ginn erëm an d’Schoul sou wéi fréier…

 
E Schoulmeeschter erënnert sech u koppeg a bosseg Situatiounen, déi en a sengem räiche Beruff erlieft huet: droleg Kanner, droleg Elteren, droleg Kollegen a Kolleginnen, droleg Paschtéier an droleg Notabilitéiten. Den Henri Losch ass als Auteur vu ville Bicher fir Grouss a Kléng bekannt. Hien erzielt hei a sechzeg Kuerzgeschichten, wéi et an där Zäit, an där déi Episoden sech ofgespillt hunn, war. Ni béisaarteg, ëmmer mënschlech an esou, datt s’engem d’Häerz warem maache kënnen, sinn all déi Figure gezeechent.
 
Ob sech dat elo an engem klengen Eislecker Duerf ofspillt, an enger e bësse méi grousser Uertschaft op der belscher Grenz, an der Stad Lëtzebuerg, am Conservatoire zu Esch, am Centre de Logopédie, oder op de Brieder, déi d’Welt bedeiten, iwwerall huet hie Leit begéint, déi et derwäert sinn, datt se net an de Vergiess kommen.
 
D’Liesung gëtt musikalesch ëmrummt vum Judith Lecuit op dem Cello.
 

Eintritt Frei